credito energia clicredit

Méi informatiounen iwwert en Energiekredit ?

Wat ass en Energiekredit ?

Hutt Dir Äert Heem zu Lëtzebuerg a wëllt d’Energiekäschte vun Ärem Haus reduzéieren ? Wëllt Dir e puer Renovatiounen maachen oder Aarbeschten, eng Photovoltaikanlage installéieren, duebel- oder dräifach Verglasung anbauen oder den Daach isoléieren ?
Am Hibléck op d’Energiekäschte an der leschter Zäit ass dëst eng flott Iddi, awer et stellt och e bestëmmte Käschtepunkt duer. Clicredit bitt e spezifesche Prêt fir dës Zort vun Energie-Renovatiounsaarbeschten, déi et Iech erlaabt vun engem avantagéisen Taux ze profitéieren: den Energiekredit.

En Energiekredit ass e prêt à tempérament mam Ziel Energie ze spueren. De Virdeel vun dëser Zort vu Prêt ass den Taux, tatsächlech ass dësen Taux fir en Energiekredit dacks den attraktivsten um Maart vun den Konsumentkrediter.

 

Wéi eng Renovatiounen oder Aarbeschten kann ech maachen fir vun engem Energiekredit ze profitéieren ?

 

• Photovoltaikanlage
• Installatioun vun engem Solar-ugedriwwen Waasserheizungssystem
• Ersatz vun enger aaler Zentralheizung
• Geothermiesystem
• Installatioun vun duebel oder dräifach Verglasung oder Jalousien
• Dach, Mauer a Buedem Isolatioun
• Zentralheizung mat Hëllef vun thermostatesche Ventile
• Energiebilanz Audit
• Installatioun vun allen Zorte vun Apparater fir den Energieverbrauch ze reduzéieren
• Isolatioun vun allen Zorten

 

Muss ech Beweiser liweren fir déen Betrag déen ech wëll léinen? Wéi eng Dokumenter sinn néideg ?

 

D’Bank oder l’Organisme prêteur freet Präisofferen an/oder den Bon de commande (vu Geschäfter, Fournisseuren, Firmen,…) fir déi geplangten Aarbechten (Renovatiounen) ze beweisen déi Dir wäert ënnerhuelen. De Gesamtbetrag vun den Dokumenter muss:

• op d’mannst 80% vum geléinte Betrag entspriechen
• op d’mannst 50% vum geléinte Betrag musse fir Energiespuerzwecker sinn

Déi gefrooten Dokumenter däerfen net méi wéi 3 Méint al sinn par Rapport zum Datum vun der Demande vum Kredit un d’Bank.

 

Wéi ass den Taux vun engem Energiekredit ?

 

Fir den aktuellen Taux erauszefannen, simuléiert hei online Ären Energiekredit.
Dir kritt all Informatioun am Zesummenhang mam taux annuel effectif global (TAEG), monatlecht Bezuelungen, Dauer an Gesamtkäschte vun Ärem Kredit. Ass d’Simulatioun déi richteg fir Iech ? Fëllt de Clicredit-Formulaire fir eng Energiekredit Propositioun ze kréien, ouni Engagement.

 

Wéi laang dauert et fir eng Äntwert ze kréien ?

 

Nodeems mir all Är Donnéeën iwwer den Online Formulaire kritt hunn, garantéiert Clicredit Iech eng Äntwert bannent 24 Stonnen (Méindes bis Freides).

Bleift erreechbar falls mir zousätzlech Informatioun brauchen fir Är Ufro ze verschaffen an eng Äntwert bannent engem Dag ze garantéieren.

 

Braucht Dir méi Informatioun iwwer en Energiekredit ?

 

Wëll Dir méi Informatioun iwwer en Energiekredit oder en Prêt fir Aarbeschten hunn ? Kontaktéiert eis um 27404127 tëscht 9.00 an 18.00 oder schéckt eis en Mail op info@clicredit.lu .

Clicredit as zu Lëtzebuerg (Stad Lëtzebuerg) an Arel.

 

Clicredit, donnons du crédit à vos projets !